top of page

MAACH MAT

MUSEKSSCHOUL


Zënter 1966 huet Bouneweger Musek eng Museksschoul wou schonn esou muenche Musikant ausgebilt ginn ass. Haut ass dës Schoul un de Conservatoire vun de Stad Lëtzebuerg ugegliddert. Couren am Solfège souwéi um Instrument gi vu Professeren a Chargé de Couren aus dem Conservatoire gehalen.

Boy Playing Trombone

JUGENDORCHESTER

FANFARE PRINCE HENRI

Dënschdegs vun 18h30 bis 19h45

Eise Jugendorchester Fanfare Prince Henri erméiglecht de Museksschüler méiglechst fréi d'Zesummespill mat aner jonke Musikanten ze erléiere bis datt sie hiert Instrument genug beherrsche fir an der "grousser Musek" kënne matzespillen. Mee souguer doriwwer eräus bleift d'Fanfare Prince Henri eng Plaz fir Musik zesummmen ze erliewen an d'Freed dorunner mat den do gewonnene Frënn ze deelen.

Occasionell Prouf-Weekender an enger Jugendherberg am Land oder Concerts-Reesen an d'Äusland erlaben nët nëmmen d'Verdéiwung am Instrument mee hannerloossen oft schéin Erënnerungen fir d'Liewen.

prouf-fph_edited.jpg

BOUNEWEGER MUSEK

Dënschegs vun 20h00 bis 21h30
Freidegs vun 19h30 bis 21h00

De "groussen" Orchester besteht äus Blechblosinstrumenter, Saxophonen a Perkussioun. Dat mecht eis Musek zu enger vun nëmme wéinege verbleiwenden authentesche Fanfaren.

prouf.jpg
bottom of page