top of page

Sa., 16. Dez.

|

Centre Culturel de Bonnevoie

Wanter Concert

Fir den Ofschloss vun onsem Jubiläumsjoer wëlle mir natierlech och ons Jugend an d’Fënster stellen. Dofir ass dëst Joer onse Concert erëm zesumme mat eiser Fanfare Prince Henri déi elo och scho 66 Joer um Bockel huet. Hei as de Sproch „Forever Young“ wuel net falsch op der Plaz.

Wéini & Wou

16. Dez. 2023, 20:00

Centre Culturel de Bonnevoie, Rue des Ardennes, 1133 Luxembourg

Détailer

Fir den Ofschloss vun onsem Jubiläumsjoer wëlle mir natierlech och ons Jugend an d’Fënster stellen. Dofir ass dëst Joer onse Concert erëm zesumme mat eiser Fanfare Prince Henri déi elo och scho 66 Joer um Bockel huet. Hei as de Sproch „Forever Young“ wuel net falsch op der Plaz.

Bei der Geleeënheet vun onsem Wanter Concert wëlle mir d’Generatiounen zesumme bréngen ganz am Sënn vun  onsem Motto vu Gëschter bis Haut an och Muer, well d’Fanfare Prince Henri ass d’Zukunft vun der Bouneweger Musek.

Fir den 125ten Anniversaire ofzeschléissen, setzt dat de richteg Kader an Dir wärt ganz sécher hei déi eng oder aner flott Iwwerraschung erliewen.

Mat engem flotte Programm, zesummegestallt vun onsem Dirigent

Romain Kerschen, schécke mir iech dann an d’Feierdeeg a wënschen iech e gudd Rutsch.

Op Soziale Medien deelen

bottom of page