Do., 05. Okt.
|Conservatoire de la Ville de Luxembourg
Séance académique – De Museker a sengem Veräin
Zesumme mam Damien François Sagrillo an dem Anette Schumacher vun der Uni.lu ënnersiche mir wat de Veräin fir séng Memberen bedeit, a wéi d'Zukunft vun de Veräiner kéint äusgesi.
Time & Location
05. Okt., 18:00
Conservatoire de la Ville de Luxembourg, 33 Rue Charles Martel, 2134 Luxembourg
About the event
Zesumme mam Damien François Sagrillo an dem Anette Schumacher vun der Uni.lu ënnersiche mir folgend Froen:
Wat fir ee Bäitrag leescht e Museksveräin wéi d’Bouneweger Musek fir de sozialen Zesummenhalt, fir d’informell Bildung a fir d’Entwécklung vum musikalesche Goût? – Wéi spigelt de Veräin d’sozial Zesummesetzung vum Quartier erëm? – Wéi ginn d’Erwaardunge vun de Memberen erfëllt? – Wéi entsprécht de gespillte Repertoire de musikalesche Virléiften? – Wat bréngt der Musekerin an dem Museker d’Zougehéieregkeet zum Veräin? – Wéi kann Matbestëmmung gefërdert ginn? – Wéi kann d’Attraktivitéit vum Veräin erhalen oder verbessert ginn? – Wéi gesäit et aus fir d’Zukunft?
D’akademesch Sëtzung bitt d’Geleeënheet d’Resultater vun enger Ëmfro bei eise Memberen a Verantwortlechen ze presentéieren an duerno an engem Ronndëschgespréich mat Leit vum Fach ze diskutéieren.